Days of Remembrance
Luxembourgish ·
Moies BH02896
Ech luewen Dech, o mäi Gott, dass Du mech aus mengem Schlof erwächt hues an dass Du mech, nodeem ech fort war, zeréckkommen a mech aus mengem Schlummer opstoe gelooss hues. Ech sinn haut de Mueren erwächt, mat mengem Bléck der prächteger Sonn vun Denger Offenbarung zougedréit, duerch déi d’Himmele vun Denger Muecht a Majestéit erliicht gi sinn. Ech bekenne mech zu Dengen Zeechen, ech gleewen un Däi Buch an hale mech fest un Dengem Seel.
Ech bieden Dech bei der Muecht vun Dengem Wëllen an der bezwéngender Kraaft vun Denger Absicht: Maach, wat s Du mir am Schlof offenbaart hues, zum séchere Fundament fir d’Wunnenge vun Denger Léift, déi an den Häerzer vun deene sinn, déi Dech gär hunn, an zum beschten Instrument fir d’Offenbarung vun den Zeeche vun Denger Gnod, Léift a Guttheet. Bestëmm Du fir mech, duerch Deng héchste Fieder, o mäin Här, dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Ech bezeien, dass Du alles fest am Grëff hues. Du änners et, wéi et Dir gefält. Et gëtt kee Gott ausser Dir, de Staarken, den Treien.
Du bass et, deen duerch Säin Uerder, Erniddregung an Herrlechkeet, Aarmséilegkeet a Stäerkt, Schwächt a Muecht, Angscht a Rou, an Zweiwel a Gewëssheet ëmwandelt. Et gëtt kee Gott ausser Dir, de Mächtegen, Deen, dee Guddes mécht.
Du enttäuschs keen, deen Dech sicht an häls keen zeréck, dee sech no Dir seent. Bestëmm da fir mech, wat dem Himmel vun Denger Generositéit an dem Mier vun Denger Guttheet entsprécht. Du bass wierklech den Allmächtegen, de Gewaltegsten.