Prayers & Meditations
Luxembourgish ·
Eemol a véieranzwanzeg Stonnen ze soen.
Wien dëst Gebiet soe wëll, soll opstoen a sech zu Gott dréien, a wann en do steet, soll en no riets an no lénks kucken, wéi wann e waarde géif op d’Erbaarme vu sengem Här, dem Baarmhäerzegsten, Deem, dee Matleed huet. Da soll e soen
O Du, deen s Du den Här iwwer all Nimm an de Schëpfer vun den Himmele bass! Ech bieden Dech bei hinnen, déi d’Moiessonne vun Dengem onsichtbare Wiese sinn, dat héich iwwer allem steet, deem Allherrlechen, maach aus mengem Gebiet e Feier, dat d’Schleiere verbrennt, déi mech vun Denger Schéinheet getrennt hunn, an e Liicht, dat mech bei d’Mier vun Denger Präsenz féiert.
Da soll en am Gebiet zu Gott - geseent a gelueft sief Hien d’Hänn erhiewen a soen:
O Du, no deem d’Welt verlaangert an deen d’Vëlker gär hunn! Du gesäis, wéi ech mech no Dir riichten, fräi vun all Unhänglechkeet un iergendeen ausser Dir, a wéi ech mech un Däi Seel klameren, duerch deem Seng Beweegung d’ganz Schëpfung opgerëselt gouf. Ech sinn Däin Dénger, o mäin Här, an de Jong vun Dengem Dénger. Kuck, wéi ech do stinn, bereet, Däi Wëllen an Däi Wonsch ze erfëllen, an näischt aneres begiere wéi dat, wat Dir gutt gefält. Ech bieden Dech beim Mier vun Denger Baarmhäerzegkeet an der Sonn vun Denger Gnod, géi mat Dengem Dénger ëm, wéi s Du wëlls a wéi et Dir gefält. Bei Denger Muecht, déi wäit iwwer all Wuert a Luef steet! Wat och ëmmer duerch Dech offenbaart gëtt, ass dat, wat mäin Häerz sech wënscht, a wat meng Séil gär huet. O Gott, mäi Gott! Kuck net op dat, wat ech hoffen a wat ech maachen, neen, kuck léiwer op Däi Wëllen, deen d’Himmelen an d’Äerd ëmschléisst. Bei Dengem Gréissten Numm, o Du Här vun allen Natiounen! Ech hunn nëmmen dat gewënscht, wat s Du gewënscht hues, an hunn nëmmen dat gär, wat s Du gär hues.
Da soll e sech knéien, an iwwerdeems en d’Stier op de Buedem leet, soll e soen:
Héich stees Du iwwer der Beschreiwung vun iergendengem ausser Dir an dem Verstoe vun allem aneren ausser Dir.
Da soll en opstoen a soen:
Maach aus mengem Gebiet, o mäin Här, eng Quell vu liewege Gewässer, duerch déi ech esou laang liewe ka wéi Deng Herrschaft dauert, an Dech an all Welt vun Denge Welten ernimme kann.
Da soll en erëm d’Hänn am Gebiet an d’Luucht hiewen a soen:
O Du, duerch d’Trennung vun Deem Häerzer a Séile schmëlzen, an duerch d’Feier vun Deem Senger Léift déi ganz Welt sech entflaamt. Ech bieden Dech bei Dengem Numm, duerch deen s Du déi ganz Schëpfung ënnerworf hues, net dat vu mir ewechzehalen, wat bei Dir ass, o Du, deen s Du iwwer d’Mënschen all regéiers! Du gesäis, o mäin Här, wéi dëse Frieme sech fläisst um Wee fir a säin héchstent Heem, ënner dem Himmel vun Denger Majestéit an am Haff vun Denger Baarmhäerzegkeet, a wéi dëse Sënner d’Mier vun Dengem Verzeie sicht, an dësen Onbedeitenden den Haff vun Denger Herrlechkeet, an dës aarm Kreatur d’Moiessonn vun Dengem Räichtum. Dir steet et zou, all Uerder ze ginn, deen s Du wëlls. Ech bezeien, dass Du gelueft muss gi fir dat, wat s Du méchs, dass Dengem Uerder gefollegt muss ginn an dass Du fräi muss bleiwen an Dengem Uerder.
Da soll en d’Hänn hiewen an dräimol de Gréissten Numm (Alláh’u’Abhá) widderhuelen. Da soll e sech viru Gott - geseent a gelueft sief Hien - vernäipen, d’Hänn op d’Knéie leeën, a soen:
Du gesäis, o mäi Gott, wéi mäi Geescht an all menge Glidder a Kierperdeeler opgewullt gouf a sengem Verlaangeren, Dech unzebieden, an a sengem Begieren, un Dech ze denken an Dech ze luewen; wéi en dat bezeit, wat d’Zong vun Dengem Uerder bezeit huet am Räich vun Denger Sprooch an am Himmel vun Dengem Wëssen. An dësem Zoustand, o mäin Här, géing ech Dech gär ëm alles bieden, wat bei Dir ass, fir kënne meng Aarmut ze weisen an Deng Mëtschgiewegkeet an Deng Räichtemer ze verherrlechen, a fir kënne meng Schwächt ze bekennen an Deng Kraaft an Deng Muecht ze manifestéieren.
Da soll en opstoen, d’Hänn zweemol am Gebiet hiewen a soen:
Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deem, dee bestëmmt am Ufank wéi um Enn. O Gott, mäi Gott! Däi Verzeien huet mech kéng gemaach, an Deng Baarmhäerzegkeet huet mech gestäerkt, an Däi Ruff huet mech erwächt, an Deng Gnod huet mech opgeriicht an zu Dir gefouert. Wie sinn ech ouni dat, dass ech et woe géif, beim Agang vun der Stad no bei Dir ze stoen, oder mäi Gesiicht an d’Liicht ze halen, dat aus dem Himmel vun Dengem Wëlle schéngt? Du gesäis, o mäin Här, dës aarmséileg Kreatur un d’Dier vun Denger Gnod klappen, an dës vergänglech Séil de Floss vum éiwege Liewen aus den Hänn vun Denger Guttheet sichen. Du bass Deen, deen Uerdere gëtt zu allen Zäiten, o Du, Här vun allen Nimm, an ech sinn deen, dee sech Dir ergëtt a sech wëlleg ënner Däi Wëlle stellt, o Schëpfer vun den Himmelen!
Da soll en d’Hänn dräimol hiewen a soen:
Gott ass méi grouss wéi all Groussen!
Da soll e sech knéien, an iwwerdeems en d’Stier op de Buedem leet, soll e soen:
Ze héich bass Du, fir dass de Luef vun deenen, déi bei Dir sinn, den Himmel no bei Dir géing erreechen, oder fir dass d’Vigel vun den Häerzer vun deenen, déi Dir ergi sinn, zum Agang vun Denger Paart kéimen. Ech bezeien, dass Du gehellegt bass iwwer all Eegenschaften an helleg iwwer all Nimm. Et gëtt kee Gott ausser Dir, deem Allerhéchsten, deem Allherrlechen.
Da soll e sech setzen a soen:
Ech sinn Zeie vun deem, wat all erschafe Saachen, d’himmlesch Versammlung, d’Awunner vum allerhéchste Paradis, an iwwer si eraus d’Zong vun der Gréisst selwer vum allherrlechen Horizont aus, bezeit hunn, dass Du Gott bass, dass et kee Gott gëtt ausser Dir, an dass Hien, deen offenbaart gouf, dat Verbuergent Geheimnis ass, dat geschätztend Zeechen, duerch dat d’Buschtawe S, I ,E an F (Sief) zesummebruecht a verbonne goufen. Ech bezeien, dass Hien et ass, deem Säin Numm duerch d’Fieder vum Héchsten opgeschriwwen an deen ernimmt gouf an de Bicher vu Gott, dem Här vum Troun do uewen an op der Äerd heinidden.
Da soll e sech stellen a soen:
O Här vun allem, wat et gëtt, a Besëtzer vun alle Saachen, déi ee gesäit an déi een net gesäit! Du hëls meng Tréinen a mäi Keimen an Uecht, an Du héiers mäi Jéimeren, a mäi Kräischen, an d’Kloe vu mengem Häerz. Bei Denger Muecht! Meng Iwwertriedungen hu mech dru gehënnert, fir méi no bei Dech ze kommen; a meng Sënnen hu mech wäit ewechgehal vum Haff vun Denger Hellegkeet. Deng Léift, o mäin Här, huet mech beräichert, an d’Trennung vun Dir huet mech zerstéiert, a wäit ewech ze si vun Dir huet mech opgeziert. Ech bieden Dech, bei Denge Foussspueren an dëser Wildnis, a bei de Wierder «Hei sinn ech. Hei sinn ech», déi Deng Auserwielten an dëser Onendlechkeet ausgeschwat hunn, a beim Otem vun Denger Offenbarung an dem duusse Wand vum Muere vun Denger Manifestatioun, maach, dass ech op Deng Schéinheet kucken, an all dat beuechten, wat an Dengem Buch ass.
Da soll en dräimol de Gréissten Numm widderhuelen a sech verneigen, d’Hänn op d’Knéie leeën, a soen:
Sief gelueft, o mäi Gott, dass Du mir gehollef hues, Denger ze gedenken an Dech ze luewen, a mech mat Him bekannt gemaach hues, deen d’Moiesliicht vun Dengen Zeechen ass, an dass Du mech dozou bruecht hues, mech virun Denger Herrschaft ze vernäipen, a mech virun Denger Gottheet kleng ze maachen, an dat unzeerkennen, wat d’Zong vun Denger Gréisst verkënnegt huet.
Da soll en opstoen a soen:
O Gott, mäi Gott! Mäi Réck ass gekrëmmt vun der Laascht vu menge Sënnen, a meng Noléissegkeet huet mech zerstéiert. All Kéier wann ech mäi schlecht Wierken an Deng Guttmiddegkeet bedenken, schmëlzt mäin Häerz a mir, a mäi Blutt kacht a mengen Oderen. Bei Denger Schéinheet, o Du, no deem d’Welt verlaangert! Ech gi rout am Gesiicht, wann ech mäi Bléck op Dech riichten, an ech schumme mech, meng Hänn, déi verlaangeren, zum Himmel vun Denger Generositéit ze strecken. Du gesäis, o mäi Gott, wéi meng Tréine mech dervun ofhalen, Denger ze gedenken an Deng Dugenden ze luewen, o Du, den Här vum Troun do uewen a vun der Äerd heinidden! Ech bieden Dech bei den Zeeche vun Dengem Kinnekräich an de Geheimnisser vun Denger Herrschaft, géi esou ëm mat deenen, déi s Du gär hues, wéi et Denger Generositéit entsprécht, o Här vun allem, wat besteet, a wéi et Denger Gnod wierdeg ass, o Kinnek vum Sichtbaren an Onsichtbaren!
Da soll en dräimol de Gréissten Numm soen, sech knéien, d’Stier op de Buedem leeën, a soen:
Sief gelueft, o eise Gott, dass Du eis dat erofgeschéckt hues, wat eis no bei Dech bréngt, an eis mat all deem Gudde versuergs, wat s Du an Denge Bicher an an Denge Schrëften erofgeschéckt hues. Mir bieden Dech, o eisen Här, behitt eis virun der Onmass vun eidelen Abildungen an huele Virstellungen. Du bass, wierklech, de Mächtegen, Deen, deen alles weess.
Da soll en de Kapp an d’Luucht hiewen, sech setzen, a soen:
Ech bezeien, o mäi Gott, wat Deng Auserwielte bezeit hunn, an erkennen un, wat d’Awunner vum allerhéchste Paradis, an déi, déi Däi mächtegen Troun ëmkreesen, unerkannt hunn. Dir gehéieren d’Kinnekräicher vun der Äerd a vum Himmel, o Här vun alle Welten!
Naw-Rúz, den 20. oder 21. Mäerz, den éischten Dag vum Bahá’í Joer.
Gelueft bass Du, o mäi Gott, dass Du Naw-Rúz deenen zum Fest bestëmmt hues, déi d’Faaschten aus Léift zu Dir agehal hunn a sech allem enthal hunn, wat s Du haass. Erlab, o mäi Gott, dass d’Feier vun Denger Léift an d’Hëtzt, déi sech aus deem vun Dir bestëmmte Faaschten entwéckelt, si an Denger Saach entflamen, an dass si sech doduerch Dengem Luef an Dengem Gedenken higinn.
O mäin Här, Du hues si mam Ornament vum Faaschten, wat s Du virschreifs, beschenkt; dofir verschéiner Du si och, duerch Deng Gnod a generéis Gonscht, mam Ornament vun Denger Akzeptanz. Well d’Dote vun de Mënschen hänken all vun Dengem gudde Wëllen of, a gi vun Denge Geboter bestëmmt. Géifs Du Deen, deen d’Faaschte gebrach huet, als een ugesinn, deen et agehal huet, da géif esou e Mënsch zu deene gezielt ginn, déi zënter aller Éiwegkeet d’Faaschten agehal hunn. A géifs Du bestëmmen, dass een, deen d’Faaschten agehal huet, et gebrach hätt, sou géif déi Persoun zu deene gezielt ginn, déi d’Kleed vun Denger Offenbarung mat Stëbs beknascht hunn a wäit ewech si vum kristallklore Waasser vun dëser Liewensquell.
Duerch Dech gouf de Banner «Gelueft bass Du an Denge Wierker» erhuewen an de Fändel «Gefollegt gëtt Dir an Dengem Gebot» auserneegefaalt. O mäi Gott, maach Dengen Dénger Däi Rang bekannt, fir dass hinne bewosst gëtt, dass dat Bescht an allem vun Dengem Befeel an Dengem Wuert ofhänkt, an dass de Wäert vun all Dot bestëmmt ass duerch dat, wat s Du erlaabs a wat dengem Wëlle gefält, an dass si erkennen, dass d’Zigel vun all deem, wat de Mënsch mécht, fest am Grëff vun Denger Akzeptanz an Dengem Uerder leien. Looss si dat wëssen, fir dass guer näischt si vun Denger Schéinheet ausschléisse kann, an dësen Deeg, wou Christus verkënnegt: «All Herrschaft ass Deng, o Du Papp vum Geescht (Jesus)» ; an Däi Frënd (Mohammed) ausrifft: «Gelueft bass Du, o Du, dee jiddweree gär huet, well Du hues Deng Schéinheet opgedeckt, a fir Deng Auserwielten dat niddergeschriwwen, wat si zum Troun vun der Offenbarung vun Dengem Gréissten Numm leet, engem Numm, deen d’Mënsche jéimeren deet, ausser déi, déi sech vun allem ausser Dir lassgeléist hunn, a sech Him, dem Offenbarer vun Dir selwer an der Manifestatioun vun Dengen Eegenschaften, zougedréit hunn.»
O mäin Här, deen, deen Däin Aascht ass an all déi ronderëm Dech sinn, hunn haut mat Faaschten opgehal, no deem si an hirem Äifer, Dir ze gefalen, et am Beräich vun Dengem Haff agehal hunn. Bestëmm Du fir hien, a fir si, a fir all déi, déi an dësen Deeg an Deng Géigewaart koumen, all dat Gutt, dat s Du an Dengem Buch bestëmmt hues. Gëff hinnen dann, wat hinne souwuel an dësem Liewen an am Liewen duerno nëtzt.
Du bass wierklech den Allwëssenden, den Allweisen.
All Dag moies, mëttes an owes ze soen.
Deen, dee biede wëll, soll sech d’Hänn wäschen, an iwwerdeems e se wäscht, soll e soen:
99
Maach meng Hand staark, o mäi Gott, fir datt si sech esou fest un Dengem Buch kann unhalen, dass d’Arméie vun der Welt keng Muecht iwwer si kréien. Hal si dann dovun of, fir sech mat iergend eppes ze befaassen, wat hir net zousteet. Du bass, wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten.
An iwwerdeems e sech d’Gesiicht wäscht, soll e soen:
Ech hunn Dir mäi Gesiicht zougedréit, o mäin Här! Erliicht et mat der Luucht vun Dengem Ubléck. Hal et dann dovun of, sech iergend engem zouzedréien ausser Dir.
Da soll en opstoen, an zur Qiblih* gedréit, soll e soen:
Gott ass Zeien, dass et keen anere Gott gëtt ausser Him. Seng sinn d’Räicher vun der Offen- barung an der Schëpfung. Hien huet, wierklech, Deen erschénge gelooss, deen d’Moiessonn vun der Offenbarung ass, deen um Sinai geriet huet, duerch deen den Héchsten Horizont un d’Liichte bruecht gouf, an den hellege Bam, iwwer deen een net erauskënnt, geschwat huet, an duerch deen de Ruff un all déi gaang ass, déi am Himmel an op der Äerd sinn: «Kuck, Deen, deem alles gehéiert, ass komm. Äerd an Himmel, Herrlechkeet an Herrschaft gehéiere Gott, dem Här vun alle Mënschen an dem Besëtzer vum Troun do uewen an heinidden op der Äerd!»
Da soll e sech verneigen, d’Hänn op d’Knéie leeën a soen:
Héich stees Du iwwer mengem Luef an dem Luef vun iergend engem ausser mir, iwwer men- ger Beschreiwung an der Beschreiwung vun all deenen, déi am Himmel an op der Äerd sinn!
Da soll en am Stoen, mat oppenen Hänn, mat den Handflächen no uewen an dem Gesiicht zougedréit, soen:
Enttäusch net deen, o mäi Gott, dee sech mat biedende Fangeren un de Som vun Denger Baarmhäerzegkeet an Denger Gnod geklamert huet, o Du, dee vun deenen, déi Baarmhäerzegkeet weisen, de Baarmhäerzegsten ass!
Da soll e sech setzen a soen:
Ech sinn Zeie vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet, an dass Du Gott bass, an dass et keen anere Gott gëtt niewent Dir. Du hues, wierklech, Deng Saach offenbaart, Däi Bond erfëllt an d’Dier zu Denger Gnod wäit opgemaach fir all déi, déi am Himmel an op der Äerd wunnen. Seegen a Fridden, Grouss an Herrlechkeet solle rouen op deenen, déi s Du gär hues, déi d’Ännerungen an d’Zoufäll vun der Welt net dervun ofgehal hunn, fir sech no Dir ze dréien, an déi alles hierginn hunn an der Hoffnung, dat ze kréien, wat bei Dir ass. Du bass wierklech Deen, deen ëmmer verzeit, de Ganzgeneréisen.
Wann ee léiwer, amplaz vum laange Vers, dës Wierder wëllt soen:
«Gott ass Zeien, dass et keen anere Gott gëtt ausser Him, Deem, deen hëlleft a Gefor, Deem, deen duerch sech selwer ass.», da geet dat duer. An et geet och duer, wann een iwwerem Sëtze léiwer dës Wierder wëllt soen: «Ech bezeien Deng Eenheet an Deng Eenzegkeet, an dass Du Gott bass, an dass et keen anere Gott gëtt niewent Dir.»
Punkt vun der Ubiedung, d.h. Bahjí, Akká
Ech weess net, o mäi Gott, wat d’Feier ass, dat s Du an Dengem Land ugefaangen hues. D’Äerd ka säi Glanz nimools verdonkelen an d’Waasser seng Flam net läschen. Kee Vollek op der Welt ka senger Kraaft widderstoen. Gléckséileg ass deen, deen him nokënnt a säin Dauschen héiert.
E puer vun hinnen, o mäi Gott, hues Du et duerch Deng stäerkend Gnod erméiglecht, Dengem Feier méi no ze kommen, wärend s Du aner zeréckgehal hues, wéinst den Doten, déi hir Hänn an Dengen Deeg begaangen hunn. Wien ëmmer him nokënnt an et erreecht, am brennende Verlaangen, Deng Schéinheet ze kucken, gëtt säi Liewen hir op Dengem Pad a kënnt zu Dir erop, ganz lassgeléist vun allem ausser Dir.
Ech bieden Dech, o mäin Här, bei dësem Feier, dat an der Welt vun der Schëpfung flaamt a roost, zerräiss d’Schleier, déi mech hënneren, virum Troun vun Denger Majestéit ze erschéngen a beim Agang vun Denger Paart ze stoen. Bestëmm Du fir mech, o mäin Här, all Guddes, dat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues, a looss net zou, dass ech wäit ewechbleiwe vum Schutz vun Dengem Erbaarmen.
Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech den Allmächtegen, de Generéisten.
Eemol a véieranzwanzeg Stonnen - mëttes - ze soen:
Ech bezeien, o mäi Gott, dass Du mech erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, Deen, deen hëlleft a Gefor, Deen, deen duerch sech selwer ass.